Wat ass d'Denkfabrik Nordstad?

Äntwerten op Froen, déi Dir Iech schons vlaicht gestalt hutt.

1. Wat ass de Projet Nordstad?

De Raum Ettelbréck-Dikrech soll niewt der Stad Lëtzebuerg an der Regioun Esch en drëtten Entwécklungspol vum Land gin. Den Adrien Ries hat schon 1973 di wichtig Roll vun enger dezentraler "Nordstad" duergestallt.

2. Wéi stellt sech d'Denkfabrik d'Entwecklung vun der Nordstad vir?

D'Leit liewen haut nët nëmmen an hirer Gemeng, mee och an der Regioun. Dofir muss och di politisch Planung iwwert d'Gemengegrenzen erausgoen. Eis Virstellung ass datt di städtisch a ländlich Gemengen aus der Regioun méi enk zesumme plangen a schaffen. Et geet drëm de Wuesstum sou ze gestalten datt en am Sënn vun enger nohaltiger Entwécklung op d'Regioun passt. Och am Freizeit a Kulturbereich kann méi Kooperatioun Virdeeler fir d'Awunner brengen.

3. Wat fir eng Gemengen sinn derbei?

D'Nordstad-Etüd vun 1997 huet sech op di 5 Kärgemengen Bettenduerf, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren begrenzt. 2006 kum Colmar-Berg zum Kärgebitt derbäi. Et ass awer klor dat d'Regioun a verschiddenen Froen méi weit ze faassen ass. Dofir wëlle mir och di méi ländlich Gemengen rondrëm di eigentlich Nordstad bedeeligen. Vu Mertzig bis Reisduerf a vu Bourschend bis Noummer sin dat 40.000 Awunner!! Di neist Statistiken weisen dat d'Gemengen rondrem seit 2000 vill méi stark gewuess sin +4500 (+40%) wéi den Kär + 3900 (+20%).

4. Wat ënnerhëllt d'Denkfabrik konkret?

Mir trieden am Gespréich mat Gemengeautoriteiten fir d'Zesummenaarbecht an der Regioun an. Mir beroden eis mat Fachleit a Ministären an organiséiren Diskussiounsowender. Mir brengen Leit aus verschiddene Gemengen mat Organisatiounen a Betrieber zesummen un een Dësch.

Mir hu Pilotprojeten ausprobéiert wéi Ruffbus, Late Night Bus, regionalen Fahrplang an Spektakel Nordstad oder eng Leader+ Initiative. Mir hun matgehollef Kontakter knäppen a thematesch Owenter machen iwwert Citymanagment, Veloförderung, Kannerbetreiung asw. net alles konnt eng Suite kréien, mee d'Nordstad gouf bekannt. cf. ILRES Emfro 2005.

Seit 2006 funktionnéiert op Gemengenebene de Comité Politique Nordstad. Puer vun den Denkfabrikscomitésmemberen hun och Verantwortung an Schäfferéit iwwerholl. Doduerch ass d'Aktivitéit op Veräinsniveau méi roueg gin a nëmmen eenzel Aktivitéiten laafen nach weider.

Enn 2016 nodeems puer vun eise Leit d'Präsentatioun vu grousse Projeten vum Ministär a Comité politique Nordstad gesin haten, si mer eis nees bewosst gin, dat mir eng wichteg Aufgab kenne spillen fir d'Awunner méi anzebannen an domat eng positiv Dynamik an der Nordstad ze ennerstëtzen.

Mir hun also nees ugerappt a wënschen eis dat am Kontext vun de Gemengwahlen kreativ a konstruktiv un der Nordstad geschafft gëtt.

5. Wéi kann ee Member gin?

Jiddfereen ass wëllkomm, dem d'Entwecklung vun der Regioun um Häerz leit. Besonnech flott ass et wa Leit mat originellen Iddien un eis eruntrieden. Am Moment beschäftigen mir eis mat Themen wi Verkéier, Tourismus, regional Politik, Jugend & Alter, Kultur, Energie, Ekonomie.

Wann Dir interesséiert sidd fir matzemachen sot engem vum Comité bescheed an iwwerweist 12,5 € op ee Konto vun der Denkfabrik Nordstad

CCPL: LU91 1111 1755 1340 0000
BCEE: LU25 0019 1755 5485 5000

6. Wien ass am Comité? (Stand Januar 2017)

President: Frank Thillen, Diekirch, T. 691 20 85 44 mail: denkfabrik@nordstad.org

Vize-Pres.: Maurice Losch, Erpeldange

Kaissier: Lucien Renckens,Ettelbréck

Sekretär: Marc Baumann, Colmar-Berg

Kulturkoordinator: Boes Gilles, Erpeldange

Bonert Paul, médecin, Diekirch
Bouché Guy, employé, Gilsdorf
Friederici Jean-Marc, Ingénieur Urbaniste, Diekirch
Nicolay Pascal, fonctionnaire, Ettelbruck
Ries Patrick, employé communal, Luxembourg
Scheer Sandra, indépendant, Diekirch
Simon Carlo, fonctionnaire de l'armée, Burden