D'Nordstad
op der Feier vum 80. Stëftongsdag
vun dem Déikricher Geschäftsverband.
Här
Prësident, Här Staatsminister, Dir Dammen an Dir Hären Autoritéiten, Dir
Dammen an Dir Hären!
Ech
fille mech ganz besonnesch geéiert, duerch d'Geleënheet déi ech haut hun bäi
esou engem wichtege Festakt wéi d'Feier vum achtzegsten Stëftongsdag vum Déikricher
Geschäftsverband d'Wuerd ze ergreifen.
Et
soll mir erlaabt sin, virun allem Iech Déikricher Geschäftsleit an dem Comité
vun ärem achtzeg Joër alen Verband ze begléckwënschen haut op ärem Festdag.
Datt Dir den eelsten Geschäftsverband an eisem Land sid, as jo un sech
schons eng Leeschtong; datt Dir haut an enger Welt, déi an zeng Joër méi séier
changéiert ewéi fréier an engem ganze Joërhonnert grad esou äerdeg, grad
esou kéng a grad esou daper sid ewéi är Grousspäpp, wéi si äre Verband
gegrënnt hun, daat verdengt meng an eiser aller Bewonnerong; datt Dir är Feier
vun haut, déi eng laang a schéi Vergaangenheet éiert, resolutt ënnert
d'Zeechen vun ärer Zoukonft stellt, an enker Zesummenaarbecht mat äre Frënn
vun den Noopeschgemengen, as den Ausdrock vun enger grousser Offenheet a vun dem
ferrëme Wëllen, selwer är Zoukonft an d'Hänn ze huelen.
Den Thema, den
ech haut behandele soll, as vu enger grousser Aktualitéit.
Fir d'éischt mol, well Di Geschäftsleit vun Déikrich d'Ketten vun
enger a nonzengten Joërhonnert opgeriichter Struktur sprenge wëllt an
d'politesch Organisatioun vun dësem Deel vun eisem Land un d'wirtschaftlech
Realitéiten vun haut upasse wëllt. Zwetens och well Landes- an Regionalpanung, Emweltschutz a
Liewensqualitéit, Industrialiséierung an Infrastrukturen, den Drang no bessere
Schoulen, Spidäler a Sportsanlagen, no méi schéinem, méi rouegem a méi
propere Wunnen haut a jidfer Mond ze fannen as.
An drëttens, well d'Gemengefusioun e Politikum gin as: d'Regéierong
schléit e Schema A an e Schema B fir: Ettelbreck a Bissen si fir de Schema B,
Bettenduerf, Déikrich, Ierpeldeng, Schieren a Colmer-Bierg verwerfen se mol
allebéid, an zéien dann, den een no hott an den aneren no har.
Mä, dat as guer nët esou wichteg: wat zielt, as datt sie sech alleguer
fir de Prinzip vun der Fusioun ausspriechen.
Ech
wëll elo versichen, d'Problemer, déi sech an dëser Géigend stellen, kengem
zu Léif kengem zu Leed ze analiséieren an esou duerzestellen, wéi se mir als
Drëttem, als Onofängegem erschéngen. Wann
ech och gefillsméisseg un des Géigend gebonne sin, well mäi Papp a mäi
Grousspapp woren Ettelbrecker, kann ower kee mir de Virworf maachen - daat
hoffen ech deen d'Babel, dem Aaf seng aartlech Fra, am Rodange sengem Rénert
dem Bier an dem Wollef mécht:
,,Do wessen se ze
plangen Fir d'Land bal dët, bal daat, An hun um Enn dach ëmmer, Fir d'egen Täsch
geschwaat."
Am
Géigendeel, als europäische Beamten, mat e bëschen Versteesdemech fir d'italiéinesch
Suergen aus dänischer Sicht a fir d'franséisch Problémer aus preisescher
Virstellong, fir d'belsch Gebruddels mat engleschem Phlegmatism an europäesch
Froën iwerhaapt mat e bëschen Eislécker gesonde Menschenverstand ze léisen,
mengen ech, dee bal e Veiner Géck sin, och
eppes Gefill ze hun fir d'Suergen, d'Problemer an d'Froën vun esou verschiddene
Leit - entschellegt wann Iech gelift meng riichteraus Sprooch - wéi
d'Dikkricher leselen, d'Gilsdorfer Kueben an d'Ettelbrecker Pärdsdéif!
Verstoën as ower nach laang nët
léisen. Fir Problemer ze léisen
op eng Manéier, déi vun der Blees bis an d'Wark an d'Atert an an d'Uelzecht
begraff an och ugeholl gët, besteet menger Meenong no nëmmen ee Wee: dene
Leit, déi et eppes ugeet, hir Meenong froën.
Ech si fir d'Mattbestëmmung op alle Gebidder: och hei soll d'Meenong
gefroot gin a mat den eegenen Gedanken kombinéiert an ofgestëmmt gin. An duerfir sin ech och esou dankbar, datt den Déikricher
Geschäftsverband am Abrëll eng Emfro an dëser Géigend duerchgefouert huet.
D'Resultater vun dëser Emfro huet Dir éinschter bäi der Dir an de
Grapp gedréckt kritt. Dës Enquête huet mech nët nëmmen a verschiddenen Idiën
gestäerkt, si huet mir och de Wee gewisen, deen ech elo an dëser Ried aschloë
wärd.
Ech
hun nähmlech kënne feststellen, datt déi meechte Leit mat mir der Meenong
sin, datt dëse Raum ee wirtschaftlecht a sozialt Ganzt duerstellt, mat ongeféier
112 km2 a 17 000 Awunner, mat enger Aarbechtspopulatioun vun 8 bis 9
000 Leit, mat modernen Industriebetrieber, déi an deene leschte Joër méi ewéi
6 Milliarde Frang hei investéiert hun.
Ech
sin iviwerzeegt dervun, datt sech hei an dëser Géigend elo daat oofspillt,
waat viru méi ewéi honnert Joër do ënnen am Süden vun eisem Land geschitt
as, wéi d'Stohlindustrie, den Nerv vun eiser Wirtschaft, entstanen as.
All Unzéchen weisen drop hin, datt an deenen nächsten 20 bis 30 Joër
hei bei Iech allerhand vill wärd lass sin.
An
der Emfro hu mer d'Leit gefrot, wéi een dës Géigend nenne soll.
Aus de villen Antwerten a Virschléi hun ech weder dat preisescht
Nordstadt, Kirchbrück oder Diebrück nach dat franséischt Norville
rausgesicht, mä dat lëtzebuergescht Nordstad.
Kommt Dir aus dem Eisléck, vu Musel a Sauer oder vun der Atert, da wëlle
mir Awunner aus dëser Géigend Iech an ärer Stad empfänken.
Fir lech alleguer as d'Stad nët méi d'Haaptstad Lëtzebuerg wéi et am
Volleksmond heescht - : fir Iech as d'Stad hei an dem Raum wou Blees a Wark, an
Atert an Uelzecht mat der Sauer zesummelafen.
Fir Iech sin also d'Stater nët méi déi Leit vum Knuedler, aus der
Enneschtgaass oder vum roude Pëtz, mä Dir Awunner vun der Nordstad sit fir
d'ganz Eisléck déi nei Stater.
Kënn
Dir lech eng lëtzebuergesch Regéierong virstellen ouni ee Minister aus der
Haaptstad Lëtzebuerg, ouni ee Minister aus der Industriestadt Esch?
Neen, nët Dir? Mä Dir kënnt
lech ganz gutt eng lëtzebuergesch Regéierong virstellen ouni ee Minister vun Déikrich,
oder vun Ettelbreck, vu Schieren oder vu Colmer-Bierg, well all dës
Uertschaften eenzel nët an d'Wo falen.
Setzt
Iech beieneen, iwerstrëppt daat wirtschaftlech Gerëpp mat enger politischer
Haut, ballt Är Kräften zesumrnen, git eng Stad vu 17 000 Awunner: Dir wärd
gesin, datt de Moment geschwënn do as, wou een sech och keng lëtzebuergesch
Regéierong méi ouni ee Minister aus der Nordstad virstelle kann.
Déi
Stad vun der Zoukonft, Är Stad, wärd aus deene Gemengen an Uertschaften bestoën,
déi Dir Awunner aus dëser Géigend dozou bestëmmt.
Bis zu 19 Gemengen goufen an der Enquête duerzou virgeschloën.
Daat wir ower een décke Koup, so Dir sécher: et wir jo schon allerhand
erreecht wa mir mat e puer Gemengen ufänke kënnten.
Aus der Emfro kann ee rausliesen datt baal jidfereen mat Déikrich,
lerpeldeng an Ettelbreck averstan as; 92% vun de Stëmmen si fir Schieren, 79%
fir Colmer-Bierg; all aner Gemengen leien méi wéit hannen.
Duerfir geng ech lech dann och virschloën, den Numm Nordstad esou ze
verstoën, datt hien de Raum vu 7 Gemengen bedeckt: Bettenduerf, Déikrich,
lerpeldeng, Ettelbreck, Schieren, Colmer-Bierg a Bissen. 7 Gemengen, déi am Joër
1972 méi wéi 360 Milliounen ausgin hun, vun denen den Här Innenminister lech
ganz sécher erziele kënnt, datt hien ee Fönnefjoërsplang kritt huet mat
Gesamtinvestitioune vu baal 700 Millioune Frang. 7 Gemengen, déi zesummen haut
schon all Zeechen vun engem héigen Entweckelongspool hun: Verwaltongen,
Geriicht, Spideeler, Altersheimer, Schoulen, Sportsanlagen, a besonnesch Geschäfter
a Banken.
A
wann och nach kee groussen, modernen Hotel der eenzeger Hotelschoul aus dem Land
zur Verfügung steet, sou wees haut d'ganzt gastronomescht Europa schon, datt
den eenzege Restaurant mat zwéi Michelin-.Stären aus dësem Land hei an ärer
Stad as. Milliounen europäesch Automobilisten fueren och mat
Nordstadpneuën, esou wéi Milliounen europäesch Konsumenten genëschelt
Nordstadzigarette fëmmen oder Nordstadbéier drenken.
Ech
kënnt elo déi Lëscht vun Nordstadprodukten, mat oder ouni Stären,
weiderspannen an d'Broud aus enger bekannter industrieller Bäckerei oder de
Quetsch aus enger renomméierter Brennerei ernimmen; ech kënnt och d'Nordstad
als Pattonstad duerstellen, als Zentrum fir den internationalen Motosport oder
als Plaz vum wahrscheinlech gréissten Forschungsinstitut vun eisem Land.
Mä
loosse mer déi Näipen: schéi Rieden sin zwar ze gebrauchen mä d'Praxis as
den Drot. Hei niewent mer steet eng
groussig faarweg Kaart mat engem schématesche Plang vun der Nordstad.
Erlaabt mer fir d'éischt, datt ech hei der Bauverwaltong, a besonnesch
dem sympatheschen Här Mik Rosch, merci soën fir dëst Meeschterwierk.
Wéinst dem Hâr Rosch senger Zeechekonscht as et fir mech vill méi
Iiicht, Iech meng Idiën auserneenzeleën an, esou hoffen ech och, fir Iech méi
einfach, aus méngen nach ëppes verwurrelte Gedanken klug ze gin.
Éiert
ech awer zu dësem konkreten Deel komme geng ech gären e puer Bemierkongen man.
Fir emol alle Mëssverständnessen virzegräifen: dee Plang do entspréngt
ménger Imaginatioun an as also eng reng perséinlech Viirstellong.
En huet also näischt, awer och glad näischt ze doën mat den Idiën vun
den Organisateuren vun dëser Sëtzong, mat den Idiën vun de Gemengen, déi
ugesprach gin, oder mat den ldiën vun der Regéierong oder hire Verwaltongen.
Ech wëll och nët dem Här Staatsminister séngen Ausféierongen virgräifen
mä ech kënnt mir ganz gutt virstellen, datt zum Beispill den Tracé vun de
Stroossen, esou wéi ech mir e virstellen, awer och guer nët mat den ldiën vum
Här Bautenminister oder senger Bauverwaltong iwereneestëmmt; datt meng Idi vun
enger nordstädtescher Gemengefusioun de gemengepolitische Prinzipiën vum Här
Innenminister diametral entgéintleeft; oder datt d'Opriichten vun engem grousse
Geschäftszentrum - och mat grousse Geschäfter - zwëschen Déikrich an
Ettelbreck op de Widerstand vum Här Wirtschaftsminister stéisst.
Sidd also wann lech gelift virsiichteg mam Gebrauch vu mengem Text, och
deem geschriwenen, an erënnert Iech ëmmer drun, datt ech ganz eleng duerfir
d'Verantwortung droën.
Hei
nach eng zweet Bemierkong: alles waat ech op dee Plang mole gelooss hun, as
natiirlech nët aus der Luucht gegraff. Ech
sin Realist genug fir daat, waat scho besteet oder definitiv geplangt as, fir boër
Mënz unzehuelen. Ech sin och
dervir, datt d'Meenong vu de 17 000
Awunner aus dëser Stad gefrot muss gin eis Emfro wor jo schons duerfir een éischten
Test datt déi Meenong esou wäit wéi nëmmen mélgelech respektéiert muss
gin. An zum Schluss sin ech och demokratesch genug gesënnt, fir
ze wëssen datt d'Partikularinteressen vun eiser Stad, esou berechtegt se och kënne
sin, op jidde Fall hannert deene méi groussen
Interessen vun dem Lëtzebuerger Land a vun der ganzer Lëtzebuerger
Gesellschaft stin a stoë mussen.
An
hei dann nach eng drëtt Bemierkong. Dee
Plang, deen Der hei gesid, as opgeriicht gin an der Optik vun der Zoukonft, vum
Joër 2000, wann Der wëllt. E wëllt
virun allem Regard hun fir d'Ufuerderongen vun enger Industrie- a
Konsumgesellschaft, déi sech ëmmer méi hektesch entwéckelt, alles iwer de
Koup schmäisst, d'Emwelt zerstéiert, d'Liewensqualitéit zerräisst an
d'Menschen - obschongs si méi en héigen Liewensstandard hun, manner laang
schaffe mussen, duerch den Auto nët méi un eng Plaz gebonne sin - no an no op
den Hond bréngt.
Är
Stad, déi ouni Zweifel an denen nächsten 20 oder 30 Joër vun haut 17 000 op
25, 30 oder esouguer 40 000 Awunner klëmmt, soll sech an Ordnung, Propretéit,
Rou a frëscher Loft entwéckelen. D'Beispill
vun eisem industrielle Süden, zwësche Péiteng an Dideleng, soll eis fir éiwesch
drun erënneren, wéi d'Entwécklong nët virun sech goë sollt.
Duerfir,
Dir Dammen an Dir Hären, brauche mir d'Raumplanung.
An duerfir brauche mir och hei fir eis Nordstad e Plang, dee gesetzlech
festgeluegt ee fir allemol bestëmmt, fir waat mir de Raum dee mer an nëmmen
beschränkter Quantitéit zur Verfügong hun, gebrauchen diirfen a fir waat nët. Duerfir brauche mer och Spillregelen, un déi jidfereen sech
hale muss, wann en nët als Fuddler bekannt wëllt sin. Duerfir brauche mir och eng zentral Autoritéit, déi dës
Spillregelen festleet an déi wéineg finanziell Mëttelen déi mer hun prioritär
an optimal asetzt.
Wéi
kann elo sou ee Plang ausgesin? Ech
dréine mech der Tafel zou a fenke mol mat de Verkéiersweër un. D'Nordstad as,
wéi mer all wëssen, un d'Eisebunnsnetz ugeschloss.
Wann d'CFL-Verwaltong et wëllt, kenne mer also kamout a séier aus eiser
Stad an d'Haaptstad Lëtzebuerg mam Zug fueren.
E
groussen Deel vun den Industriezonen as iwer d'Schinn un daat internationaalt
Eisebunnssnetz ugeschloss.
Mat
de Stroosse si mer wahrscheinlech nët
esou gutt drun. Mir hun nët nëmmen
Schwieregkeeten fir duerch all déi Uertschaften ze fueren, mir hun och keng
Schnellverbindungen zou aneren Entwécklongspoler oder zou anere wichtegen
Uertschaften am Land. An der Emfro
hu mer de Leit d'Fro gestallt, waat fir eng Prioritéiten si fir hiert
Stroossennetz wëllten hun. Als éischt
Prioritéit koum do d'Autobunn Lëtzebuerg-Nordstad raus: si kënnt vum Rouscht,
leeft hannert Schieren an Ettelbreck laanscht, kënnt ungeféier bei der Laduno
raus; vun do aus get si hannert lerpeldeng laanscht bis op Felen weidergezun, wou si sech un
d'Strooss fir op Baaschtnech uschléisst.
Déi zweet
Prioritéit as déi vun enger Emgehungsstrooss.
Meng Opfaassong wor an as och nach, datt, wann een aus deem Ganzen wëllt
eng richteg Stad plangen, déi sech an deenen nächsten 20 oder 30 Joër
harmonesch entwéckele soll, dann as et haut schon néideg, fir den Tracé
festzeleen vun enger Strooss, déi et erlaabt fir datt den Haaptverkéier, deen
nët muss an den Zentrum vun der Nordstad goën, ronderemfuere kann.
Ech hu mer dun virgestallt, datt dee Contournement, deen als zweet
Prioritéit mat iwer 90% vun de Stëmmen aus der Enquête rauskoum, esou geng
ausgesin: vum Rouscht un d'Autobunn bis hanner Ettelbreck, dann riwer op
Bettenduerf an erop op d'Eisléckhéichstrooss, vun do iwer Felen a Mertzeg rem
riwer op d'Autobunn Nordstad-Lëtzebuerg. Ech
verlaangen natiirlech nët datt dës Strooss soll direkt gebaut gin: ech hätt nëmmen
gär wann den Tracé dervun schons elo festgefruer geng gin; nëmmen esou kënne
mer eng Situatioun verhidden, déi mer op ville Plazen am Land kennen, wou nei
Stroossen mussen duerch Dierfer oder Quartierën gebaut gin.
Déi
drëtt Prioritéit as d'Eisléckhéichstrooss; daat as déi Strooss déi vun der
Wemperhardt roofkënnt an un d'Autobunn ugeschloss soll gin.
Déi véiert Prioritéit op eiser Lëscht as déi vun der Strooss
Nordstad-Baaschtnech an déi fënneft as eng Verbindung zwëschen der Nordstad
an dem Merterter Hafen, séif et iwer d'Fiels oder iwer lechternach.
Mir
hun an der Enquête de Leit d'Fro gestallt waat fir eng Verbesserongen si gären
an de Verkéiersméiglechkeeten duerchgefouert gesiten.
Eng ganz grouss Majoritéit huet sech mol fir d'éischt ausgeschwat fir
Expresszich zwëschen der Nordstad an der Haaptstad.
En zweete Wonsch as deen vun engem Pendelverkéier - mat Autobussen oder
esouguer Elektrobussen - zwëschen dem ieweschten an dem eneschten Steck vun der
Nordstad: also vu Bettenduerf bis op Bissen.
Sou ee regelméissege Pendelverkéier kënnt also och de gesamte Verkéier
an der Nordstad selwer iwerhuelen.
No
de Verkéiersweër kommen ech op d'Infrastrukturen.
D'Nordstad misst un d'Erdgasledong ugeschloss gin: et wier sécher nët
schwéier, eng Gasledong parallel zou der Autobunn ze leën, wann och déi
meeschte Leit an eiser Emfro d'Meenong vertrieden, datt d'Elektrescht d'Energie
vun der Zoukonft as. Ech perséinlech
géng der Cegedel fir d'Elektrescht an der Sebes fir d'Waasser gären zoutrauen,
ëmmer dann ze investéieren wann d'Entwécklong vun eiser Stad dat néideg mécht.
D'Infrastrukturen
sin awer bäi wäitem nët de schlëmmste Problem, dee mer hun.
Wat gesi mer am Süden an och an anere Partiën vum Land?
Onplanifizéiert droplassbauen, rausrappen, Bëscher zerstéieren, hei
Wunnungen sëtzen, do Industriën, hei e klengen Handwierksbetrieb an do rëm en
Appartementshaus. De Sënn vun der
Raum- a Landesplanong as jo eben fir ganz konkret festzeleën, wou een eng
Industrie kann opriichten, wou een Haus bauen, wou d'Bëscher musse bestoë
bleiwen an esou weider.
Op
Grond vun eiser Emfro hu mir fir d'éischt eng Partie Industriezonen
festgeluegt. Mir sin dobäi dervun
ausgaang, datt déi Industriegebidder déi scho bestin natiirlech nët méi
ofzeschafe sin. Vill Leit hun sech
géint eng Industriezon am Waalebroch zwëschent Ettelbreck an Déikrich
ausgeschwat; mi hun se awer bäibehalen well se schons besteet a well et onméiglech
as, dat wat do besteet nees aus der Welt ze schafen.
Et as dat déi
éischt Industriezon. Eng
zweet léit hannert Ettelbreck, do uewen hannert Warken; eng drëtt um Rouscht,
wou de ganze Plateau soll als Industriegebitt reservéiert gin; an eng véiert
an dem Dall hannert Bissen wou d'Bisser Neelfabrik läit.
Eng nei Industriezon as douewen um Fridbösch geplangt, fir de Fall datt
dat wat un Industrieland besteet nët duergeet.
Zwëschent
Ettelbreck a Schieren, do wou den Autobunnsverdelerkrees hikënnt, soll dann eng
lescht Industriezon hikommen: si as geduecht fir kleng Betrieber, Handwierk an
esou weider.
Wat
eis dobäi wichteg schéngt, as datt elo schon nët nëmmen déi
Zonen festgeluegt gin mä datt si un
d'Stroossennetz, un d'Energieleitungen, un d'Eisebunn asw. ugeschloss gin; an
dann och datt mer elo schon alles ënnerhuelen fir déi Leit déi dorem wunnen géint
de Koméidi, géint de Gestank, géint eng ellen Emwelt ze schützen. Mir schloën duerfir ënner anerem vir, datt jedfer
Industriebetrieb sech ronderem, an enger Déift vu 5, 10 oder esouguer 15 Meter,
mat Bäm muss emgin. Dat selwecht
soll och vun der Bauverwaltong op dene Plazen gemaach gin wou eng Strooss no
laanscht Wunnhäiser leeft. Et as
dach de Mënschen vun haut nët méi zouzetrauen, vu muerges bis owes am Gestank
an am Koméidi ze liewen: firwat maache mir da näischt? Et wir dach esou
einfach an et géng mol nët vill kaschten.
Eng
zweet Grupp vu klor festgeluegten Zonen as déi vun de Wunngebidder.
Hei menge mir, datt ausser dem Kär vun den Uertschaften, deen natiirlech
do bleiwt wou en as, nei Haiser op d'Héichten gehéieren, mat Bëscher
ronderem, esou weit ewéi méiglech weg vum Koméidi a vum Gestank.
Mir hun esou nei Wunngebidder virgesin um Karelshaff, bäi Schieren rop
um Bierg, zu Angelduerf op där anerer Säit vun der Sauer, uwenausser zu
Ierpeldeng an hannenausser zu Bettenduerf.
Fir dës Gebidder missten elo direkt Bebauungspläng gemoolt gin esou
datt jidferee wéist, wou da Io nach wat, wéi ka gebaut gin.
Eng
drëtt a lescht Zon as déi vun engem grousse Geschäftszentrum bäi lerpeldeng,
hannert der Laduno, an der Géigend vum Goldknapp.
D'Idi as fir do grouss Geschäfter zouzeloossen - d'Gesetz misst also geännert
gin - an zur selwechter Zäit vill enzel Boutiquen ënnert dem selwechten Dach
opzeriichten, mat ganz vill Parkméiglechkeeten, Autobushaltestellen asw. jé,
Dir huet sécher schon am Ausland esou ee ,,Shopping center" gesin a kënnt
Iech also virstellen wourem ët get. Dëse
Virschlag kënnt och direkt aus eiser Emfro a gët vun dene meeschte Geschäftsleit
ënnerstetzt. An da soll nach e soën,
Dir Geschäftsleit wiert géint de Fortschrëtt!
Déi Zäiten, wou d'Ettelbrecker Geschäftsleit sech mat Hänn a Féiss géint
eng Emgehongsstrooss gewiert hun, si riwer.
Haut wësst Dir Ettelbrecker an Déikricher Geschäftsleit ganz genau,
datt esou e Geschäftszentrum am Kär vun der Nordstad kengem anere Geschäft
onbedengt den Hals muss zoudrécken. A
wann Dir mat méi ewéi 70% vun de Stëmmen fir esou e Projet sit, dann as dat
och well mir am Häerz vun Ettelbreck an am Häerz vun Déikrich autofriem
Foussgängerzone virgesin hun. Hei
kënnen Är Clienten zu Fouss a gemitterlech aus engem Geschäft an dat anert goën,
ouni sech ze presséieren, wéi dat viru 50 Joër de Fall wor.
An
anere Wierder: op der enger Sält fiert de moderne, prësséierte Mënsch mat
senger Luxusmaschin op de Parking vum grousse Geschäftszentrum a keeft a Massen
an, wat hien esou brauch. Op der
aner Säit geet de moderne Mënsch awer och gäre shopping machen, „lèche-vitrines"
wéi dat esou léif gesot gët, aus engem Geschäft an dat anert: hie keeft dann
éischter Qualitéit ewéi Quantitéit an dat as de Sënn vun de verkéiersfreien
Foussgängerzonen zu Ettelbreck an zu Déikrich.
Et verhënnert natiirlech ke Mënsch Iech Geschäftsleit selwer och am
groussen Geschäftszentrum aktiv ze gin: da maacht Dir Är Geschäftercher eben
ob e puer Plazen, firwat och nët?
Erlabt
mer hei eng Bemierkong. Et
geet nët esouvill drëm, fir ze wëssen wou déi verschidden Zonen, Stroossen
asw. ze leie kommen. Eist
Land, eis Stad zielen genug gescheit Käpp fir sech dorem ze bekëmmeren a fir déi
beschte Pläng auszeschaffen. Wourem
et geet as, datt iwerhaapt Zonen festgeluegt gin an datt Entschédongen geholl
gin éiert et ze spéit as.
An
esou kommen ech op eng aner wichteg Fro fir eis Nordstad.
Den Ettelbrecker Gemengerot kann haut nët
decidéieren, datt eng Industriezon
an den Waalebroch kënnt; esou wéi den Déikricher Gemengerot näischt iwer e
Camping hannert Warken ze soën huet. Aus denen zwee Beispiller gesit Dir, datt
et bal nët méiglech as, e Gesamtplang fir d'Nordstad opzestellen ouni eng
Zentral, eng Autoritéit, a firwaat nët, e Gernengerod.
An
eiser Emfro hu mir d'Fro gestallt: „Sit Dir fir d’Fusioun vun de Gernengen
aus denen lech no d'Nordstad soll bestoën, oder sit Dir dervir,
datt d'Gernengen hier Frähäit behalen, mä
datt se iwer Syndikaten - wéi den Här Burgermeeschter Poos et éinschter
gesot huet - iwer en Agglorneratiounsrot zesummen déi wichteg Investitiounsdécisiounen
huelen?“
Kornescherweis
hu vill Leit déi Fro schlecht gelies: duerfir hun sech 72% fir d'Fusioun a fir
den Agglomeratiounsrot ausgesprach. Et
as also schwéier, doraus eng Léier ze zéien. Perséinlech kënnt ech mer
virstellen datt dat engt dat anert nët ausschléisst.
Esou kënnten zum Beispill Ettelbreck an Déikrick mat lerpeldeng fusionéieren:
dës grouss Gemeng geng dann mat denen anere Gemengen, déi sech un der Nordstad
bedelege wëllen, e Syndikat grënnen. Et gin sécher nach vill aner Méiglechkeeten.
Wann
der Io gäre meng Meenong wéisst, da gestinn ech an, datt ech fir d'Fusioun vu
mindestens 7 Gemenge sin an datt ech denen aneren interesséierten Gemengen
d'Dir oploosse wëll fir sech och an de Nordstadklub ze melden.
Soubal een awer vun der Fusioun
schwätzt, kënnt d'Fro op: a wou setze mer dann d'Gemengenhaus a wéi nenne mer
déi nei Gemeng?
Dozou
geng ech soen: mir duerfen déi nei Gemeng weder Bettendorf, nach Déikrich,
lerpeldeng, Ettelbreck, Schieren, Colmer-Bierg oder Bissen nennen, well mer soss
a grouss Schwieregkeeten kéimen. Mir
sollen also e neien Numm sichen, zum Beispill dat lëtzebuergescht Wuert
Nordstad oder soss e vun dene ville Nimm, déi Dir an dem grenge Buch fand.
Den
administrativen Zentrum vun der neier Gemeng geng ech och éierentwou setze wou
en nach nët as: aus der Emfro kënnt de Virschlag déi nei Märei no bäi de
Geschäftszentrum ze bauen; an nët nëmmen déi nei Märei ma och all aner
kollektiv Investitiounen wéi Kulturzentrum asw.
Dat hätt de grousse Virdeel, datt d'kollektiv Infrastrukturen wéi
Parking, Spillplazen, Kannercrêchen asw. vun all dene Leit kënnte gebraucht
gin, déi akafe gin oder op d'Gemeng, an den Theater oder an den Cinema gin.
Iwer
d'Verwaltung an den administrativen Opbau vun esou enger grousser Gemeng wëll
ech weider näischt soën: just nach drop hiweisen, datt vill Leit sech an der
Emfro fir den Amtsburgermeeschter ausgeschwat hun an datt eng Partie Leit léiwer
de Majorzsystem ewéi den Proporzsystem bäi de Gemengewahlen genge gesin.
Fir mech sin sou Froën awer nët déi wichtegst: mir hu jo genug
gescheit Politiker fir duerfir Léisongen ze fannen.
Wourop et awer
ukënnt, dat as d'Koordinatioun vun den Investissementer a vun
de Budgetën, well do geet et em ganz grouss Zommen.
Dir
Dammen an Dir Hären, ech kommen zum Schluss.
Am Liewen gët engem nët oft eppes geschenkt. lech Awunner vun dëser
Stad as e phantastesche mënschlechen a wirtschaftleche Potential geschenkt gin.
An un lech as et duerfir, fir dëse Potential ze verwalten, mat Léiwt an
Emsicht zur Bléi ze bréngen a fir Är Kanner a Kannskanner ze versuergen. Dat
geet nët ouni perséinlechen Asaz. All
Geschäftsmann aus dësem Sall weess, datt een ouni perséinlechen Asaz, ouni
vill Schaffen an lwerléen, ouni Suergen an ouni Reckschléi ni zum Erfolleg kënnt. Dir
Geschäftsleit huet ugefangen lech ganz stark fir Är Stad anzesetzen.
Do kann ech lech nëmme soën: dréckt op de Balleg, loost d'Fonke sprëtzen
a schlot op d'Eisen esou lang wéi et gliddech as.
Ruft all Leit vu guddem Wëllen zesummen - keen as zevill mä
't as och keen ze schued, loost eng detailléiert Etude maachen vun alle
Problemer, déi sech an Ärer Stad stellen, loost se maachen vun engem Team vu
Spezialisten aus alle Branchen, aus allen Disciplinen.
Rufft e Wiedermann derbäi an e Geograph, an e Wirtschaftler an en
Demograph, e Soziolog an e Verkéiersfachmann, e Professer an en Dokter, e
Waasserspezialist an e Mann vun der Energie an esouguer, wann et muss sin, en
Affekot. Loost se Méint an
esouguer e Joër schaffen ënner der Ledong vun engem professionelle Raumplaner.
,,Dat
kascht vill Geld" wärt Der mer direkt soën.
Mä
wou gudde Wëllen as, do sin och gewéinlech Mécken ze fannen.
Wann
den Här Innenminister hei wier, da geng ech him Io direkt virschloën,
Iech eng Partie vun dem Kredit ze gin, den hien a sengem 73er Budget fir
d'Gemengefusioun virgesin huet. 1000 Frang pro Awunner, hun ech mol irgentwou an
enger Zeitong gelies. Ma gudd, dat
géifen da fir lech 17 Milliounen maachen; dat wier och schon eppes fir kleng
unzefänken.
Ennerbreet
d'Resultater vun esou enger Etude Äre politeschen Instanzen.
Mobiliséiert Är Burgemeeschteren, Är Deputéierten, setzt all Hiewel a
Bewegong a loost lech nët verdreiwen vun denen éiwegen Kreckéiler a Neesoër. Et geet hei guer nët em de lokale Prestige vun denen engen
oder vun denen aneren. Et geet em
eis Zoukonft a nach méi em déi vun
eise Kanner.
Eis Stad soll eng
Stad sin wou et gutt as fir ze liewen, wou d'Schaffe Freed mecht, wou d'Waasser
kloor an d'Loft proper as, a wou d'Leit zesummenhalen, wou d'Foussgänger nach kënnen
zu Fouss goën an d'Autofuerer ouni Gefor fir sech a fir déi aner kënnen
zirkuléieren. Eng offe Stad wou déi vu baussen gären hifueren, well
jidfereen sech do doheem fillt.
Dat
soll mäi Wonsch fir Är Stad sin!